ANTIGASPI – Manner Liewensmëttel verbëtzen

D’Verschwendung vu Liewensmëttel ass ee Problem, géint deen de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung scho säit Jore mat Opklärungsaarbecht a Projeten, och an Zesummenaarbecht mat de Gemengen, virgeet.

Dozou gehéieren déi sechs gëlle Reegele fir manner Liewensmëttel am Alldag ze verbëtzen, déi op antigaspi.lu am Detail erkläert sinn. Eng dovunner heescht: „De Frigo richteg araumen“. Zil ass et, vun deene verschiddenen Temperaturzonen an engem Frigo Gebrauch ze maachen an d’Liewensmëttel op déi richteg Platz ze stellen, fir datt se sech méi laang halen.

Weider Informatiounen fann dir op www.antigasti.lu
Dernière modification le 21.04.2022

Des articles de la même catégorie