Campagne « Egalitéit liewen! »

Fir méi Partizipatioun vu Fraen an der Gemengepolitik an e besseren Equiliber tëscht Fraen a Männer an de kënftege Gemengeréit.

Den 11. Juni 2023 wielt eist Land nees déi Fraen a Männer, déi an de Gemenge Verantwortung iwwerhuelen, fir um lokale Plang fir e bessert Zesummeliewen a méi Liewensqualitéit ze suergen.

Néierens anescht wéi an de Gemenge sinn d’Politikerinnen a Politiker esou no un de Wënsch an un de Besoine vun de Biergerinnen a Bierger.

Eng politesch Vertriedung ass am Beschten opgestallt, wann si aus engem gudde Mix vu Fraen a Männer aus allen Alterskategorië besteet. Dofir setzt sech och de Ministère fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an.

An deem Kontext lancéiert de Chancegläichheets-Ministère eng Campagne fir d’Gemengewahle vun 2023

Dernière modification le 21.11.2022

Des articles de la même catégorie

Élections communales – Vote par correspondance

Élections communales – Vote par correspondance

Élections communales – Vote par correspondance Art. 262 Tout électeur peut demander de voter par correspondance lors des élections communales. Art. 263 L’électeur qui souhaite voter par correspondance doit en aviser le collège des bourgmestre et échevins de la commune...

lire plus
Aller au contenu principal