
Mëtt dësem Jores huet de Gemengerot de Claude Nesser a seng Firma CoCenTing beoptraagt,
mat eis zesummen eng nei Kommunikatiounsstrategie opzestellen.
No enger Réi Analysen a vill Aarbecht ass Etapp fir Etapp en neit Konzept ausgeschafft ginn a vun de Gemengepolitiker validéiert ginn.
Lo kënne mer iech voller Freed deen neie Logo vun der Gemeng presentéieren, mat eisem eegene Slogan!
De Logo ass en „Living Logo“, deen sech, jee no Saison, liicht anescht deklinéiert.
En général gëtt mam Summer-Motiv geschafft, dat ass den « Main Logo“.
Déi aner Motiver (Fréijoer, Hierscht a Wanter) wäert Dir op verschiddene Medie vun der Gemeng erëmbegéinen.


Zu gudder Läscht hu mir och lo en « Slogan »!
D’Ausso « Hei wëll ech bleiwen » geet aus den Interviewen ervir, déi mir mat de Bierger gefouert hunn.
Verschidde Persounen, déi net aus der Regioun stamen, soten, dass Si net méi vun hei wéilte fort goen.
Eng schéin Ausso, déi dat gutt Liewen, dat an der Gemeng attestéiert gëtt, perfekt erëmgespigelt.