Krëstmoart 28.11.2025 & 29.11.2025

Léif Bierger a Biergerinnen,

No deem groussen Erfolleg vun deene leschte Jore fënnt de Krëstmoart dëst Joer op en Neits statt – de Freiden, 28. November a Samschden 29. November 2025, am Schoulhaff zu Dol.

An Zesummenaarbecht mat de lokale Veräiner fannen dëst Joer 12 Chalete Plaz, wou Iessen, Gedrénks an e puer handgemaachte Chrëschtdekoratiounen ze fanne sinn.

Och de Campus ass erëm vertrueden an d’Kanner hu fläisseg gebastelt fir Dekoratioune kënnen ze verkafen.

Fir déi musikalesch Ënnerstëtzung um Owend suergen den Duo Lisa&Tun an den Heischter Jugendorchester.

Erëm dobäi ass och den Hobbymaart an der Sportshal, organiséiert an Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun; bei enger Dosen Aussteller entdeckt Dir bestëmmt déi richteg Geschenkiddi.

E ganz besonneschen Highlight gëtt de Besuch vum Kleeschen um Samschden, 29. November, wou all Kand aus der Gemeng sech seng Titche ka siche kommen. E flotte Moment fir déi ganz Famill.

Kommt bis laanscht a loosst Iech vun der festlecher Stëmmung verzauberen.

Mir freeën eis op äre Besuch.

Chers citoyens, chères citoyennes,

Après le grand succès des dernières années, le marché de Noël aura de nouveau lieu cette année – le vendredi 28 novembre et le samedi 29 novembre 2025, dans la cour de l’école à Dahl.

En collaboration avec les associations locales, 12 chalets seront installés cette année, où vous trouverez de la restauration, des boissons ainsi que quelques décorations de Noël artisanales.

Le campus sera également représenté, et les enfants ont fabriqué avec soin des décorations afin de pouvoir les vendre.

L’animation musicale du soir sera assurée par le duo Lisa&Tun ainsi que par l’orchestre des jeunes de Heiderscheid.

Le marché des loisirs créatifs, organisé en collaboration avec la commission culturelle, se tiendra également dans le hall sportif. Avec une douzaine d’exposants, vous y trouverez certainement la bonne idée de cadeau.

Un moment très spécial sera la visite de Saint Nicolas le samedi 29 novembre, où chaque enfant de la commune pourra venir chercher son sachet. Un instant magique pour toute la famille.

Venez nombreux et laissez-vous enchanter par l’ambiance festive.

Nous nous réjouissons de votre visite.

Dernière modification le 03.11.2025

Des articles de la même catégorie

ReUse-Aktioun Chrëschtdekoratioun

ReUse-Aktioun Chrëschtdekoratioun

Hues du nach al Chrëschtdekoratioun doheem? Wann se nach an engem Zoustand ass, da gehei se net ewech, mee bréng se an ee vun de Sidec-Ressourcenzenteren a gëff dësen een zweet Liewen. Du dierfs Objeten ofginn an och mathuelen. Des Aktioun leeft an all de...

lire plus
Aller au contenu principal