Offallapp “Mäin Offall” – Kollekten op Ufro

Offall am Alldag méi einfach geréieren? Dat geet!
Mat der gratis App “Mäin Offall – Meng Ressourcen”, entwéckelt vun der Ëmweltverwaltung, hutt Dir all wichteg Informatiounen ëm den Offall ëmmer dobäi
  • Virtuelle Sammelkalenner
  • Erënnerunge fir d’Kollekten
  • Interaktiv Kaart
D’App ass a 4 Sproochen disponibel a gratis am App Store an op Google Play erofzelueden.
 
Kollekten op Ufro
Iwwert d’App kënnt Dir Iech ganz einfach fir dës Kollekten umellen:
• Sperrmüll
• Elektroschrott
• Eisenschrott
 
Eng illustréiert Grafik erkläert Schrëtt fir Schrëtt, wéi d’Umeldung funktionéiert.
Natierlech bleift d’Umeldung och weiderhin per E-Mail oder Telefon méiglech.
 
Eroflueden & ausprobéieren!
Gérer ses déchets au quotidien n’a jamais été aussi simple !
Avec la nouvelle application gratuite « Mäin Offall – Meng Ressourcen », développée par l’Administration de l’environnement avec le soutien des acteurs du secteur, toutes les informations essentielles sont à portée de main
  • Calendrier de collecte virtuel
  • Rappels pour les collectes
  • Carte interactive
L’application est disponible en 4 langues et peut être téléchargée gratuitement sur l’App Store et Google Play.
 
Collectes sur demande
Via l’application, vous pouvez vous inscrire facilement et rapidement pour les collectes suivantes :
• Encombrants
• Déchets électriques et électroniques
• Ferraille
 
Une infographie illustrée vous accompagne dans la procédure d’inscription via l’application.
L’inscription reste bien entendu également possible par e-mail ou téléphone.
 
Téléchargez l’application et facilitez votre quotidien !
Dernière modification le 27.01.2026

Des articles de la même catégorie

Chantier Nacherstrooss 19.05.2026

Chantier Nacherstrooss 19.05.2026

Wéinst Infrastrukturaarbechten gëtt d'“Nacherstrooss“ en Dënsden, 19. Mee 2026 op Héicht vum Haus n°63A op eng Spuer verengt. Den Trafic gëtt mat roude Luuchten gereegelt. En raison de travaux d'infrastructures, la rue „Nacherstrooss“ sera réduite à une voie à hauteur...

lire plus
N12 barrée

N12 barrée

D'Ponts&Chaussées informéiert, dass d'N12 tëschent Wooltz a Bidscht vum 18. Mee 2026 8h00 bis den 22. Mee 2026 17h00 wéinst Bëschaarbechte gespaart ass. De Schoulbus an den ëffentlechen Linnebus fueren wéi gewinnt. L'Administration des Ponts&Chaussées informe...

lire plus
Opruff fir Kandidaturen fir Gemengekommissiounen

Opruff fir Kandidaturen fir Gemengekommissiounen

Opruff fir Kandidature fir berodend Kommissiounen Op Grond vun Demissiounen sicht d'Gemeng Géisdref: - 1 Member fir d'Kulturkommissioun - 1 Member fir d'Bautekommissioun - 1 Member fir d'Kommissioun vum Zesummeliewen   Wann Dir interesséiert sidd, stellt Är Kandidatur...

lire plus
Aller au contenu principal