29. + 30. November 2024
zu Dol bei der Schoul
Gläich ass et rem sou wäit: mir freeën ons iech all eng zweet Editioun vum Krëstmoart zu Dol presentéieren ze kënnen.
An dësem Joer ginn et direkt e puer Neiegkeeten:
-
eng nei Plaz: de Krëstmoart fënnt bei der Haaptentrée vun der Schoul statt
-
d’Kulturkommissioun organiséiert en Hobbymaart an der Sporthal, wou lokal e regional Aussteller hier Stécker verkafen
-
Nohaltegkeet: fir d’Organisatioun vum Krëstmoart krute mir de Logo « Green Event » accordéiert!
-
Voller Freed kënne mir Iech matdeelen, dass mir fir de Krëstmoart de Logo “Green-Event” kritt hunn!
D’Efforten vun de Veräiner, der Kulturkommissioun an der Gemeng fir den ökologeschen Foussofdrock esou kéng wéi méiglech ze haalen, hu sech besonnesch op follgend Krittären konzentréiert:
-
Mir verzichten bewosst op Eeweegeschier a reduzéieren de Gebrauch vu Plastik op e strikte Minimum. Fir all Iesssaache gouf Mehrweggeschirr (Besteck, Telleren, Schosselen) agefouert a fir d’Gedrénks Mehrweg-Becheren, -Glieser an -Tasen
-
E ganz groussen Deel vum Iessen a Gedrénks, wat ugebuede gëtt, ass lokal, regional, bio oder Fairtrade
-
Schëlder a Markéierunge fir d’Offalltrennung
-
Dekoratiounsmaterial wat ressourcëschounend an erëm benotzbar ass
-
LED Luuchten amplatz vu konventionnelle Luuchten
Vergiesst och Är Akafstut net, wann Dir e flotte Kaddo sollt entdecken.
ACCÈS
Bus RGTR Linn 146, Arrêt “Ale Wee” oder “Al Molkerei”
Wéinst dem Manktem u Parkplaze recommandéiere mir och de Covoiturage.
Mir soën alle Veräiner Merci fir hiert Engagement, an dem Oekozenter Pafendall villmols Merci, datt Si eis bei der Organisatioun ënnerstëtzt hunn.
Weider Informatiounen zum Logo Green Events fannt Dir op www.greenevents.lu
Nous avons le plaisir de vous présenter la deuxième édition du marché de Noël de Dahl !
Cette année, plusieurs nouveautés vous attendent :
- un nouvel emplacement : le marché de Noël aura lieu devant l’entrée principale de l’école.
- la commission culturelle organise un marché de loisirs dans la salle de sport, où des exposants locaux et régionaux vendront leurs pièces.
- durabilité : nous avons été approuvés pour le logo « Green Event » pour le marché de Noël!
La commune de Goesdorf et les associations qui participent au marché de Noël remplissent pour cela toute une série de critères, avec l’objectif de maintenir l’empreinte écologique aussi faible que possible:
- nous renonçons délibérément à la vaisselle jetable et réduisons l’utilisation de plastique à un strict minimum. Nous avons introduit de la vaisselle réutilisable (couverts, assiettes, bols) pour tous les aliments et des gobelets, verres et tasses réutilisables pour les boissons.
- une très grande partie de la nourriture et des boissons est locale, régionale, bio ou équitable
- des panneaux et des marquages pour le tri des déchets
- du matériel de décoration économisant les ressources et pouvant être recyclé
- des lumières LED au lieu des lumières conventionnelles
ACCÈS
Bus RGTR Ligne 146
Arrêt « Ale Wee » ou « Al Molkerei »
En raison des places de parking limitées, nous recommandons le covoiturage.
Nous remercions toutes les associations pour leur engagement ainsi que l’Oekozenter Pafendall pour leur soutien dans l’organisation.
Vous trouverez de plus amples informations sur le Logo Green Events sur www.greenevents.lu