Am Joer 2000 hunn Vertrieder vun de Gewerkschaften an den Politiker aus de Gemengen Wooltz an Wanseler sech zesummen gedoen fir eng Alternativ ze sichen fir Leit an Schwieregkeeten an déi sech net um éischten Aarbechtsmaart erëm fannen.

Op eng aner Aart a Weis eng zweet Zukunftschance fir déi Leit erëm op den Aarbechtsmaart integréiert ze kréien an hinnen domadder een neien Erfolleg am Liewen ze ginn.

Mat dësen gemeinsame Wäerter, Iddien, Iwwerleeungen an Iwwerzeegungen, hunn Gemengen Wooltz an Wanseler den 23 Mäerz 2000 den « CIGR Wiltz Plus asbl » gegrënnt, eng Associatioun ouni Gewënnzweck. Mam Laf vun de Joren hunn sech Gemengen Bauschelt, Esch-Sauer, Rammerech, Réiden, Géisdref, Stauséigemeng an Kiischpelt ugeschloss an ass an der Tëschenzäit e feste Bestanddeel vun der Solidarwirtshcaft an der Regioun vum Norden am Land.

Haut deckt den CIGR Wiltz Plus 71 Dierfer mat sengen Servicer of, wat eng Fläch vun 14% vun (+/- 352 km2) an 4% Bierger (22 676 Bierger) vun Lëtzebuerg entspriechen.

Dernière modification le 08.09.2020
Aller au contenu principal