Crèche-Logo

4, op der Heckt

L-9644 Dahl

Tél: 26 88 90 25 

An der Crèche „Crèche Zwergen op der Heckt“ ginn d’Kanner am Alter vun 3 Méint bis zum Zäitpunkt wou si an d’Spillschoul ginn betreit. Eis Ariichtung zielt zu de konventionéierte Strukturen, an deemno si mir och Deel vum CSA – Chèque-Service Accueil. Ausserdeem si mir eng inklusiv Struktur, déi all Kanner an hirer Individualitéit begréisst. Eist Team huet als d’Ziel fir all Kand déi passend Offer ze fannen, fir dass all Kand a senger Entwécklung, no sengem Rhythmus gefërdert gëtt.

Eis Crèche ass vu Méindes bis Freides vu 07:00-19:00 Auer op. D‘Feierdeeg hu mir zou.

Mir sinn dat ganzt Joer op, mat Ausnam vum 24. Dezember bis den 1. Januar wou mir Kollektivcongé hunn.

D’Aschreiwung vum Kand gëtt no engem Gespréich  mat der Chargée de direction vun der Crèche gemaach. Dir kënnt e Rendez-vous per Telefon mat der Madamm Jessy Rentmeister ënnert der Nummer 26 88 90 25-21 ausmaachen.

Als Team vun der Crèche « Zwergen op der Heckt » leeë mir grousse Wäert op:

  • Perséinlechkeet vun all Kand beuecht gëtt
  • eng individuell Fërderung vun de Kompetenze vun all Kand
  • d’Unerkennung a Fërderung vun den individuellen Interessen, Stäerkten an der Eegekreativitéit
  • Stäerkung vu sengem Selbstvertrauen
  • Fërderung vun der Autonomie
  • Respekt a Berécksiichtegung vum kulturellen Ëmfeld a vun de biografeschen Aspekter vun de Kanner
  • Recht dass Kanner dierfe matbestëmmen
  • Kooperatioun vun de Kanner an alle méiglechen Aufgabeberäicher

Fichiers à votre disposition

Consultez les fichiers relatifs à la crèche ici:

Galerie photos

Dernière modification le 03.10.2023
Aller au contenu principal