Den 30. Juli 2022 ass am Steebroch op der N27 tëscht der Boukelsermillen an dem Heischtergronn am Kader vum Summerfest de Panneau touristique Däiwelslee ageweit ginn.

D’Initiative hei fir ass vum Jean-Paul Mathay ausgaangen, deen a senger Funktioun als Buergermeeschter a President vum Syndicat d’Initiative vun der Gemeng Géisdref interessant Plazen an der Gemeng opwäerte well.

Net nëmmen ass dëse Site een eemolegen Aussiichtspunkt iwwert d’Sauer eweg, mee et spillt och eng Seechen aus dem 19. Joerhonnert op dëser Plaz, wéi de Nikolaus Gredt a sengem „Sagenschatz des Luxemburger Landes“ 1883 festgehalen huet. Dem Paschtouer J. Prott no befënnt sech op dëser Plaz tëschen Toodler a Géisdref, eng Lee mat Hexen a geféierlechem Gedéiesch, genannt d’Däiwëlslee.

Dëst war dunn d’Basis vun der Gestaltung vun engem touristesche Panneau, deen op dëse Site mat Aussiichtspunkt sollt kommen. De Carlo Schmitz gouf doropshi mat der Gestaltung vun engem Panneau beoptraagt. Dëse baséiert  op enger gezeechenter Illustratioun vun der Seechen.

Am selwechte Kontext ass dunn d’Iddi opkomm, de ganze Site vum Steebroch ze revaloriséieren, woubäi déi beschriwwen Däiwëlslee selwer an de schmuele Pad dohinner gebotzt a fräigeluecht goufen. Den Aly Weicherding an de Serge Michels hunn sech dëser Aarbecht ugeholl.       

Eng offiziell Aweiung vu Panneau a Site mat festlechem Encadrement huet sech opgedrängt. Well dëse Site och d’Plaz vun  enger Buvette mat klenger Restauratioun ass, déi säit dem leschte Joer  vun de Vältesfrënn Boukels am Kader vum Vëlosummer bedriwwe gëtt, huet et sech ugebueden dëst mateneen ze verbannen.         
Well d’Streck vun der N27 de ganze Weekend iwwer vum 30. bis 31. Juli fir de Vëlosummer gespaart war, an d’Infrastruktur op der Plaz wor, gouf e klengt “Summerfest” an d’Liewe geruff, dat d‘Leit aus der Gemeng mat hire Frënn a Bekannten zesumme geféiert huet.

Dëst Fest huet dobäi eng sëllegen Attraktiounen ze bidde gehat. Ugefong mat der musikalescher Begleedung duerch Danzmusek vum Jos Schartz. Fir e kulinareschen Highlight huet d‘ „Däiwëlslee“ gesuergt. Dëst war een Teller mat lokale Produite ronderëm d‘Schwäin mat Zalot konzipéiert vum Aly Weicherding. Den Héichpunkt war awer déi offiziell feierlech Aweiung vum Site a Panneau duerch de Chamberpresident Fernand Etgen an de Marc Keilen a senger Funktioun als Schäffe vun der Gemeng Géisdref.

(Text: Val Weicherding)

Un panneau d’information touristique a été inauguré le 30 juillet 2022 dans la carrière de la N27 entre le moulin de Bockholtz et le Heiderscheidergrund dans le cadre de la fête de l’été (Vëlosummer).

L’initiative est venue du bourgmestre Jean-Paul Mathay qui, en sa qualité de bourgmestre et de président du « Syndicat d’Initiative » de la commune de Goesdorf, souhaite valoriser les endroits intéressants de la commune. Sur ce site touristique se trouve non seulement un point de vue unique sur la Sûre, mais une légende du 19e siècle s’y serait également déroulée, comme l’a écrit Nikolaus Gredt dans son « Sagenschatz des Luxemburger Landes » en 1883. Selon le prêtre J. Prott, il y aurait sur cette place, entre Tadler et Goesdorf, une carrière de pierres avec des sorcières et des animaux dangereux, appelée « Däiwelslee ».

Cette information a servi de base à la conception du panneau touristique qui devait prendre place sur le point de vue. Monsieur Carlo Schmitz a été chargé de la conception. Le panneau est basé sur une illustration dessinée de la légende. Dans le même contexte, l’idée est venue de revaloriser tout l’espace autour de la carrière, en dégageant et en nettoyant la « Däiwelslee » décrite elle-même ainsi que l’étroit sentier qui y mène. Monsieur Aly Weicherding et Monsieur Serge Michels se sont chargés de ce travail.

Une inauguration avec une cérémonie officielle du panneau et de son emplacement s’est imposée.

Etant donné qu’à cet endroit se trouve une petite buvette avec restauration, gérée depuis l’année dernière par les « Vältesfrënn Boukels » dans le cadre du Vëlosummer, il était logique de combiner les deux.

La route N27 a été complètement fermée pour le trafic dans le cadre du « Vëlosummer » pendant le week-end du 30 et 31 juillet et une fête d’été a vu le jour. La fête proposait toute une série d’attractions, notamment un accompagnement musical avec la musique de danse de Monsieur Jos Schartz. La « Däiwelslee » a constitué un temps fort culinaire ; une assiette de produits locaux autour du porc accompagnée d’une salade, conçue par Monsieur Aly Weicherding. Le point culminant a été l’inauguration festive officielle du panneau touristique par Monsieur le président de la Chambre des Députés Fernand Etgen et Monsieur Marc Keilen en sa qualité d’échevin de la commune de Goesdorf.

(Texte: Val Weicherding)

Dernière modification le 23.02.2023
Aller au contenu principal