Skoda Tour de Luxembourg 18.09.2026

SKODA Tour de Luxembourg 2026
E Freiden, 18. September duerchfiert déi 3. Etapp vum Skoda Tour de Luxembourg eis Gemeng. Hei gesitt dir d’Streckeféierung an den Zäitplang vum Passage.
Fir e sécheren Oflaf vun der Course ze garantéieren, biede mir Iech de Sträckeposten hier Uweisungen ze respektéieren. Wärend dem Passage vun de Cyclisten sinn déi betraffe Stroossen fir de Verkéier gespaart. Et ass verbueden laanscht d’Strooss vum Parcours ze parken an d’Awunner déi vun der Course betraff sinn, si gebieden op d’Vëlosfuerer opzepassen an hier Hausdéieren dobannen/ugestréckt ze halen.
Mir soen Iech Merci fir Är Ënnerstëtzung wärend dem Passage vum Skoda Tour de Luxembourg a mir freeën eis op e flotte Moment bei dësem nationalen Evenement.
SKODA Tour de Luxembourg 2026
Le vendredi, 18 septembre, la troisième étape du Skoda Tour de Luxembourg passera par notre commune. Voici le tracé et l’horaire du passage.
Afin d’assurer le bon déroulement lors du passage des cyclistes, veuillez respecter les instructions des signaleurs qui sécurisent le parcours et les croisements. Durant le passage des cyclistes, certaines rues indiquées sur la carte ne seront pas accessibles pour les voitures. Le stationnement de véhicules le long du parcours est interdit et les riverains concernés sont priés d’être attentifs et de laisser leurs animaux à l’intérieur ou de les tenir en laisse lors du passage de la course.
Nous vous remercions d’avance de votre soutien lors du passage du Skoda Tour de Luxembourg et nous nous réjouissons de passer un bon moment lors de cet événement national.

Des articles de la même catégorie

Rallye Luxembourg Classic 2026

Rallye Luxembourg Classic 2026

Den 11. an 12. September 2026 fënnt déi 6. Editioun vum grousse Rallye vun de klasseschen Autoen "LUXEMBOURG CLASSIC", an Zesummenaarbecht mat Motor Presse Stuttgart (Auto Motor und Sport/Motor Klassik) statt. Um Start sinn 125 Autoen, bis Baujoer 1996.   De Rallye...

lire plus
E Bam an d’Gewan

E Bam an d’Gewan

 „E Bam an d' Gewan“ - Gratis Beemplanzung! Méi Natur, Schiet a Klimaresilienz an eiser Kulturlandschaft   Fondation Hëllef fir d'Natur plangt nees Beem a Bamreien an eiser Landschaft - fir méi Liewensraum, Schied fir d'Déieren, Buedemschutz a stabil Erträg.   De...

lire plus
Kleedersammlung Kolping 11.09.2026

Kleedersammlung Kolping 11.09.2026

Kleedersammlung 11.09.2026 D'Kleedersammlung vu Kolping Luxembourg Asbl, déi ursprénglech fir Freideg, den 18. September 2026 virgesi war, gëtt aus organisatoresche Grënn op Freideg, den 11. September 2026 virverluecht. Stellt är Tute wgl. réischt den Dag vun der...

lire plus
Aller au contenu principal