Chantier « Nacherstrooss »

Chantier « Nacherstrooss »

Wéinst Infrastrukturaarbechten vun der Post a Creos gëtt d’“Nacherstrooss“ vun e Méinden, 24 August 2026 un, bis zum Enn vun den Aarbechten, op eng Spuer verengt, dëst ëmmer op Héicht vun den Aarbechten.
Den Trafic gëtt mat Prioritéitsschëlder oder roude Luuchten gereegelt.
En raison de travaux d’infrastructures réalisés par Poste Luxembourg et Creos, la rue „Nacherstrooss“ sera réduite à une seule voie à partir du lundi, 24 août 2026 et jusqu’à la fin des travaux, uniquement à hauteur de la zone du chantier.
La circulation sera réglée par des panneaux de signalisation ou des feux de signalisation.
Krautwësch 2026

Krautwësch 2026

Wéinst der Organisatioun vun engem Floumaart, gëtt d’Strooss „Nacherstrooss“ a Richtung Nacher bis bei d’Kräizung mam „Kautebacherwee“ de 15.08.2026 vu 7.00 bis 19.00 Auer fir all Verkéier gespaart.
Aus dësem Grond fueren déi ëffentlech Bussen anescht wéi gewinnt, oder fuere vereenzelt Arrêt’en net un.
Betraff sinn d’Linnen 146 an 147.
Informéiert Iech am Virfeld op www.mobiliteit.lu
En raison de l’organisation du marché aux puces, la « Nacherstrooss » en direction de Nocher et jusqu’à l’intersection avec le « Kautebacherwee » sera entièrement fermée à la circulation le 15.08.2026 de 7h00 à 19h00.
Les bus de transport public circuleront différemment que d’habitude ou ne desserviront pas certains arrêts.
Les lignes 146 et 147 sont concernées.
Informez-Vous à l’avance sur www.mobiliteit.lu
Règlement communal relatif aux engins motorisés

Règlement communal relatif aux engins motorisés

Neit Reglement – Schoulhäff & Spillplazen
Fir d’Sécherheet vun de Kanner ze garantéieren, ass et ab elo verbueden, mat elektrechen Trottinetten, Quad’en oder aneren motoriséierte Gefierer (MVE) an de Schoulhäff, Spillplazen oder ähnlechen ëffentleche Plazen ze fueren.
 
Eng wichteg Moossnam fir Accidenter ze vermeiden an d’Sécherheet ze stäerken.
Nouvelle réglementation – cours d’école & aires de jeux
Afin de garantir la sécurité des enfants, il est désormais interdit de circuler avec des trottinettes électriques, quads ou autres engins motorisés (MVE) dans les cours d’école, les aires de jeux ou autres espaces publics similaires destinés aux enfants.
 
Une mesure importante pour prévenir les accidents et renforcer la sécurité.
Interdiction temporaire des feux et barbecues sur les terrains publics

Interdiction temporaire des feux et barbecues sur les terrains publics

Temporäert Verbuet vu Feier a Barbecue op ëffentlechem Terrain
Wéinst der aktueller Dréchent an dem héije Brandrisiko ass mat direkter Wierkung d’Unzünde vu Feier an d’Benotze vu Barbecuen op allen ëffentlechen Terrainen an der Gemeng Géisdref verbueden.
 
D’Verbuet gëllt ënner anerem fir:
– Feier um Buedem a Lagerfeier
– All Zorte vu Barbecuen
– Braseroen a Campingkocher
 
D’Reglement gëllt fir den ëffentlechen Terrain. Och op Privatterraine biede mir Iech, wéinst der aktueller Dréchent déi gréisst Virsiicht walten ze loossen.
 
Merci fir Äert Verständnis a fir Är Mathëllef, eis Natur an d’Sécherheet vun eis all ze schützen.
Interdiction temporaire des feux et des barbecues sur les terrains publics
En raison de la sécheresse actuelle et du risque élevé d’incendie, il est interdit avec effet immédiat d’allumer des feux et d’utiliser des barbecues sur l’ensemble des terrains publics de la commune de Goesdorf.
 
Cette interdiction concerne notamment :
– les feux au sol et les feux de camp,
– tous les types de barbecues,
– les braseros et réchauds.
 
Le règlement concerne les terrains publics. Nous invitons toutefois chacun à faire preuve de la plus grande prudence également sur les terrains privés.
 
Merci pour votre compréhension et votre coopération.
Prime d’encouragement

Prime d’encouragement

Bis den 31. Dezember 2025 kënne Schüler a Studenten déi hiert Schouljoer gepackt hunn, hir Studente-Prime ufroen.

Jusqu’au 31 décembre 2025 les élèves et étudiants qui ont terminé leur année scolaire avec succès peuvent demander une prime d’étudiant.

Waasser spueren

Waasser spueren

Wéinst der Dréchent an dem Réckgang vun de Waasserreserven, biede mir jiddereen w.e.g. spuersam mam Drénkwaasser ëmzegoen.
– Kuerz duschen
 Krunn zoumaachen
 D’Wiss net netzen
 Planzen nëmme moies oder owes netzen
 Keng privat Schwämme fëllen
Merci fir Är Mathëllef an Ärt Versteesdemech
En raison de la sécheresse et de la diminution des réserves d’eau nous prions tout le monde d’utiliser l’eau potable avec parcimonie.
– Prenez des douches courtes
 Fermez le robinet
 N’arrosez pas la pelouse
 Arrosez les plantes seulement le matin ou le soir
 Ne remplissez pas de piscines privées
Merci à tous pour votre aide et votre compréhension
De Biergerguide « Meng Gemeng, mäi Guide » gouf aktualiséiert!

De Biergerguide « Meng Gemeng, mäi Guide » gouf aktualiséiert!

De Biergerguide « Meng Gemeng, mäi Guide » gouf aktualiséiert!

Dëse Guide, ausgeschafft an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, riicht sech virun allem un d’Biergerinnen a Bierger, déi sech rezent an eiser Gemeng néiergelooss hunn. En huet zum Zil, si häerzlech wëllkomm ze heeschen, hir Integratioun ze erliichteren an se ze encouragéieren, aktiv um Gemengeliewen deelzehuelen.

 

Le guide du citoyen « Meng Gemeng, mäi Guide » a été mis à jour !

Ce guide, élaboré en collaboration avec le Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil, s’adresse avant tout aux citoyens qui viennent de s’installer dans la commune. Il a pour objectif de leur souhaiter la bienvenue, de faciliter leur intégration et de les encourager à participer activement à la vie communale.

Aller au contenu principal