Interdiction temporaire des feux et barbecues sur les terrains publics

Temporäert Verbuet vu Feier a Barbecue op ëffentlechem Terrain
Wéinst der aktueller Dréchent an dem héije Brandrisiko ass mat direkter Wierkung d’Unzünde vu Feier an d’Benotze vu Barbecuen op allen ëffentlechen Terrainen an der Gemeng Géisdref verbueden.
 
D’Verbuet gëllt ënner anerem fir:
– Feier um Buedem a Lagerfeier
– All Zorte vu Barbecuen
– Braseroen a Campingkocher
 
D’Reglement gëllt fir den ëffentlechen Terrain. Och op Privatterraine biede mir Iech, wéinst der aktueller Dréchent déi gréisst Virsiicht walten ze loossen.
 
Merci fir Äert Verständnis a fir Är Mathëllef, eis Natur an d’Sécherheet vun eis all ze schützen.
Interdiction temporaire des feux et des barbecues sur les terrains publics
En raison de la sécheresse actuelle et du risque élevé d’incendie, il est interdit avec effet immédiat d’allumer des feux et d’utiliser des barbecues sur l’ensemble des terrains publics de la commune de Goesdorf.
 
Cette interdiction concerne notamment :
– les feux au sol et les feux de camp,
– tous les types de barbecues,
– les braseros et réchauds.
 
Le règlement concerne les terrains publics. Nous invitons toutefois chacun à faire preuve de la plus grande prudence également sur les terrains privés.
 
Merci pour votre compréhension et votre coopération.
Dernière modification le 03.08.2026

Des articles de la même catégorie

Traktertreff 2026

Traktertreff 2026

Trakteurs- an Oldtimertreff Den 22. an 23. August zu Nacher beim Kulturzenter Programm: Samsdes, 22. August: - ab 17h00 Antreffe vun éischten Oldtimer bis 1995 - 19h00 Grillparty an "Rond Spill" mat Musik   Sonndes 23. August: -8h00 - 9h30 Kaffi -10h00 Départ...

lire plus
Chantier « Nacherstrooss »

Chantier « Nacherstrooss »

Wéinst Infrastrukturaarbechten vun der Post a Creos gëtt d'“Nacherstrooss“ vun e Méinden, 24 August 2026 un, bis zum Enn vun den Aarbechten, op eng Spuer verengt, dëst ëmmer op Héicht vun den Aarbechten. Den Trafic gëtt mat Prioritéitsschëlder oder roude Luuchten...

lire plus
Aller au contenu principal